top of page
Logo mit der Aufschrift: Kreesdanz. Eng Rees.

Kreesdanz

traditionellen a moderne

aus aller Welt

 

Danzen ass fir Jiddereen !

Géi mat op eng Rees duerch friem a bekannte Länner a Kulturen, duerch hier Musek an hier Dänz. Loos dech iwwerraschen vun der Vielfalt un Toun a Beweegung, déi vun diverse Kulturen am Laf vun der Zäit geprägt goufen.

Mir danzen souwuel traditionell Volléksdänz op landestypesch Lidder wéi och modern Choreografien op schwungvoll Hits. Heinsdo rouheg a fléissend, heinsdo sportlech a schnell.

"Lo bailado no te lo quita nadie."

Niemand kann dir nehmen, was du getanzt hast.

- Gabriel García Márquez

Kultur, Gemeinschaft a Beweegung – an engem Krees.

Kultur

Sou lang et d'Mensche gëtt, sou lang gëtt et den Danz. All Vollék, Gemeinschaft an Ethnie huet am Laf vun der Zäit seng ganz eegen Dänz geprägt, sou wéi och seng Musik a seng Bräich. De Kreesdanz, wéi mir en danzen, ass eng Rees duerch d'Vergaangenheet an d'Géigewart, duerch Länner, Musik an Identitéiten.

Gemeinschaft

Wéivill Punkten brauch et op enger Kreesbunn, bis e Krees entsteht?

Am Kreesdanz gehéiere mir all zu enger gläicher Beweegung. De Krees entsteht iwwerhapt eréicht duerch all d'Persounen op der Kreesbunn. Mir beweegen a gi beweegt, mir lachen an erliewen zesummen, esou wéi d'Menschen et scho viru laanger Zäit gema hunn.

Beweegung

Am Kreesdanz gönne mir eisem Kierper ganz niewebäi d'Geleegenheet, sech ze strecken, ze kräftegen, sech unze-

spaanen an auszelaaschten.

Spilleresch Beweegungen wierken eisen oft monotonen Alldagsbeweegungen entgéint a beliewen eist ënnert Kand. 

Wéini a wou ?

Nebel und Natur

Danzen um Misärshaff

reegelméissege Cours

de leschte Sonndeg am Mount

vun 15h30 bis 18h00

um Misärshaff zu Ueschdrëff

Workshops

Vun Zäit zu Zäit fannen eenzel Workshops zu bestëmmten Occasioune statt.

Hei fënns du déi jeweileg Flyeren.

Kreesdanz. Eng Rees.

Clipart mehrerer fröhlicher Personen, die Hand in Hand einen Reigen tanzen.
bottom of page